11Meter Cup 2018

11Meter Cup

Samsdes, de 16. Juni 2018

um Terrain "um Haff" zu Harel

  • Eelefmeterturnéier fir Ekippen vu 5-7 Spiller (och mixte méiglech)
  • ab 11:00 Auer: Apéritif, Grill a WM-Iwwerdroung de ganzen Dag
  • 13:00 Auer: Start vum Turnéier
Flott Präisser ze gewannen: 50 Liter Béier fir déi éischt Plaz, 30 Liter fir déi zweet an 10 Liter fir déi drëtt!
  • Startgeld: 10,- € pro Spiller - 1 Gedrénksbong inclus
  • Umeldung: bis den 10. Juni um Tel. 691 644 619 oder iwwert eisen Onlineformular
  • OPGEPASST: Umeldung gëllt réischt no Iwwerweisung vum Startgeld op de Kont BCEE LU46 0019 3600 1768 6000 (FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps)

Umeldung - Inscription

After Work

15. Juni 2018 ab 18:00 Auer

bei der Buvette vum Terrain "um Haff"

  • Music: DJ SB
  • WM-Iwwerdroung op grousser Leiwand: Portugal - Spuenien (20:00 Auer)

 


 

Reglement 11Meter Cup

 

  1. Eng Ekipp besteet aus 5-7 Spiller (och mixte méiglech). D'Spiller sollten am beschten iwwer 16 Joer hunn.
  2. All Ekipp muss am Viraus ugemeldt sinn. Ugemeldt ass een eréischt, wann d'Startgeld (10,- € pro Spiller) bezuelt ass.
  3. D'Ekippen ginn a Gruppen geloust. An der Gruppephase spillt all Ekipp engkéier géint all Ekipp aus senger Grupp.
  4. Während engem Match schéisst all Ekipp ofwiesselnd 5 Eelefmeter géint de Golkeeper vun der géignerescher Ekipp.
  5. D'Eelefmeteren ginn op "kleng" (Poussins-) Goler geschoss aus enger Distanz vun 9 Meter.
  6. De Golkeeper vun enger Ekipp dierf während engem Match net gewiesselt ginn, ausser bei Verletzung.
  7. Déi Ekipp, déi um Enn vum Match méi Eelefmeteren verwandelt huet, kritt 3 Punkten. Bei Gläichstand gëtt et 1 Punkt fir béid Ekippen. D'Verléiererekipp kritt kee Punkt.
  8. No der Gruppephase gëtt eng Finalronn gespillt, wou d'Matcher nei ausgeloust ginn.
  9. An der Finalronn kënnen d'Matcher net gläich ausgoen. Falls et no deene jeweils 5 Eelefmeter gläich sollt stoen, schéisst jeweils all Ekipp ee weideren Eelefmeter, soulaang bis eng Ekipp gewonnen huet.

 

 

yelo_gb_sponsor_edit890.jpg

Garage Simon du Nord Tarchamps

kaufman_biesen.jpg

 

Hotel-Restaurant aux Anciennes Tanneries

Bauschelter Stuff